
dës Soja Sauce as fir Maki, Hosomaki an Uramaki
Ingredient :
- 125 ml Waasser
- 500 ml Soja Sauce (Kikkoman oder Yamasa)
- 125 ml Bonito Flakes (katsuobushi)
- 10cm Kombu (konbu)
Preparatioun
- bei Medium Hëtzt d'Waasser kachen doen
- Soja Sauce dobäi an dat Ganzt erëm ophëtzen mee just virum kachen stoppen well soss gëtt dat Ganzt batter
- vun der Hëtzt erof an Bonito Flakes dobäi an dat ganzt 30min bis 1 Stonn zeihe loossen
- Ofsiften an an eng en Behälter mat Verschloss schëdden an den Konbu dobäi maachen
- dat Ganzt an den Frigo an direkt benotzen oder hält sech dann bis zu engem Mount

