banner-privat1

banner-collectif1

banner-business

banner-contact

Votre Panier

votre panier est vide

tunabg

thon3Ech hat dës läscht en Mann an mengem Sushi Cours, den mer erzielt huet, en géif am Mëttelmier den Thon Fëschen goen.

Wéi hien mer deen Saz gesot huet, as et Iech vläicht genau esou gaangen wéi der mäin elo gelies hutt : WTF ?

Direkt sinn mer Tonnen Gedanken an froen duerch den Kapp gaangen, an ech weess net wéi laang ech mam Mann geschwat hat, jiddefalls hunn déi aner am Cours schéin brav nogelauschtert an geschmunzelt, wat ech méi an den Sujet eran getaucht sinn.

Wat ech bis elo wousst :

Den Thon Rouge och Bluefin Tuna genannt, as am Mëttelmier ausgerott ginn well en iwwerfëscht gouf. Dorops hinn as eng EU Direktiv eraus komm déi sot dass et elo verbueden as den Thon am Mëttelmier ze fänken, an d’Restaurant hunn den Thon Rouge vun der Kaart an Supermarché en aus dem Rayon geholl.

Dat huet sech elo esou an d’Käpp vun den Leit agebrannt, also och an mäin, dass den Gedanken un Rouden Thon ze iessen mir fir kënnt wéi eng Strofdot.

Elo kënnt deen Mann an seet : Ech fëschen Rouden Thon am Mëttelmier !!!

Hei déi ganz Diskussioun, 1:1, keen Witz :

Ech : “Jo mee, dat as dach verbueden ?"

Hien :” ech fëschen no-kill d.h. ech hunn mäin Boot an mäin Equipement an esou wéi Carpen, fëschen ech den Thon an loossen en direkt erëm fräi wann ech en gefaangen hunn.”

Ech : “Jo mee, et gëtt jo awer bal keen Thon méi am Mëttelmier ?!?”

Hien : “Den Thon Rouge gëtt et Masse wais am Mëttelmier. D’Spuenier hunn riseg Thon Rouge Farmen wou se geziicht ginn an dann wann se méi grouss sinn, ginn se an d’Mëttelmier gelooss. Déi wou ech fänken sinn esou 70-100kg schwéier.”

Ech : “No-Kill Fëschen”?thon6

Hien : “ Wann ech den Fësch bis un der Aangel hunn, huelen ech en d’Boot bäi dat 3-4 km/h dann fiert, hunn eng extra Zaang an huelen dem Thon den Krop eraus an dann loossen ech en fräi ouni dass ech en aus dem Waasser geholl hunn well 50% vun den Fësch iwwerliewen dat net, ginn futti wann se erëm an d’Waasser kommen an leien dann ënnen um Buedem vum Mier.”

Hien : “Dass den Thon Rouge bedreet as, as guer net wouer well et en Masseweis gëtt am Mëttelmier. En ginn ëmmer erëm nei Thon Rouge (Bluefin Tuna) geziicht an fräi gelooss.”

Ech : "Et as dach awer extra eng Reegelung vun der EU ausgaangen punkto Thon Rouge. Souguer gouf opgeruff dass d’Restaurant keen Thon Rouge méi sollen verschaffen. An der Provençale soten se mer, dass d’Leit dat elo esou am Kapp hunn dass se keen Thon Rouge kéinten verkafen, souguer wann sie es hätten. Einfach well d’Leit dat als NoGo ugesinn”

Hien : “All Land huet en Quot, mäin Boot as zu Lëtzebuerg ugemellt, wann ech den Thon elo wéilt fänken an mat heem huelen misst ech als éischt zu Lëtzebuerg ufroen wéi vill den Quot as an op dësen schonn erreecht as. Bon, do unzeruffen huet keen wäert, bis do een sech beweegt huet bass de Pätter.”

Ech : "vun der EU gouf dach elo verbueden mat groussen Filet ze Fëschen, well dat am Fong alles fänkt an och um Mieresbuedem alles futti mécht.”

Hien : “Jo dat as verbueden mee et gëtt awer gemaach. Ech gesinn all Dag 2-3 Schëffer déi Filet hanner sech zéien déi bis 6km laang sinn. Déi fänken alles an maachen alles futti um Buedem vum Mier.

thon2

Ech : "mee wéi geet dat, et as dach verbueden?”

Hien : “jo fir en Fransous mee net fir een aus Libyen. Dofir mellen déi Leit hiert Boot an Libyen un, déi sinn net un den Quot vun der EU gebonnen an kënne maachen wat se wëllen."

Ech : “wéi krass !”

Hien : "wann s de an Spunien an d’Fëschgeschäfter gees, kriss de Daurade déi emol net 10cm grouss as. Déi dierft guer net gefaangen ginn, mee vu dass se dat importéieren vum Nopesch Land, geet dat.

Se maachen all egal wat an et hält sech keen un déi Reegelung”

Ech : "Greenpeace misst dach awer do agräifen?”

Hien : "tja, firwat déi wuel näischt ennerhuelen…"

 

An während deier ganzer Zäit, souzen déi aner 11 Leit an mengem sushi Cours do, hunn hiren Apero geschlürft an gespaant dem Interview hei nogelauschtert :-) mega :-)

Cours de Sushi

Apprenez à faire les Sushi, Maki, California Rolls...en cours privé, en cours collectifs ou en Team Building

Retrouvez toutes les dates <<ici>>

sushi cat

Sushi Iessen zu Lëtzebuerg App

Hei kënnt der ons App eroflueden wou der ons och eng live Kaart, Statistiken an villes méi fannt vun den Sushi Restaurant hei zu Lëtzebuerg.

apple store

google play

Facebook Groupe " Sushi Iessen zu Lëtzebuerg"

Loscht emol en aneren Sushi Restaurant ze testen? An onser Facebook Groupe " Sushi Iessen zu Lëtzebuerg" gëss de gewuer wou den beschten Sushi Restaurant as mee och wéi een ze vermeiden as.

-> Sushi iessen zu Lëtzebuerg

nice pic

 

Login

Login