banner-privat1

banner-collectif1

banner-business

banner-contact

Votre Panier

votre panier est vide

Sushi App | Gratuit !

Trouvez le meilleur restaurant de Sushi au Luxembourg autour de vous grâce à notre application "Académie Culinaire" gratuite.

bar code apple google play barcode

IMG 5591

Leckeren Maki Tempura...mmmmhh...also ech iessen dat net, et as jo ëmmer d'selwescht, wann een bis wees wéi eppes gemaach gëtt, dann wees de wats de kriss. Firwat genau, gitt der an dësem Artikel gewuer.

Tempura heescht frittéiert, entweder an der Friteuse oder an enger Pan gefëllt mat Frittefett.

Oft gesäit een op den Platen déi sou gepost ginn, Maki oder California Rolls (Uramaki) déi frittéiert goufen.

Kuerz zur Erklärung wéi déi Friture gemaach gëtt.

IMG 87701

Als éischt brauchs de wat een Tempura Batter nennt. Kanns de selwer maachen oder einfach den Pudder an engem Asiashop kafen, dësen dann no Rezept op der Verpackung preparéieren d.h op 100gr Pudder, do drop 50ml Waasser, vermëchen, e bëssen Salz et c'est tout.

Dat kann een vergläichen mat den opgeschloen Eeër fir Schnitzel se maachen.

Dann brauch der nach d'Chapelure wat am AsiaShop Panko heescht an kléng geraaspelt haart Broutgrimmel sinn.

 

 

Dat frittéieren fënnt een och vill an der chinesescher Kichen. Japan as am Fong nie vun enger anerer Natioun platt gemaach ginn mee sie hate Besuch vun den Portugisen am 16 Jh. bei deenen d'Method vum frittéieren festen Bestanddeel vun der Iessen Kultur war. Japaner hunn dëst iwwerholl an eng méi light Versioun draus gemaach.

Fir en Maki oder California Roll Tempura ze maachen ginn et elo 2 Methoden

• Method 1 : traditionell an net fetteg
• Method 2 : déi optimiséiert an fetteg Method

 

Method 1 :

maki img 18

Du méchs den Panko (Broutgrimmel) zesummen mat dem preparéiertem Tempura Batter, an schëtts dat ganzt, lues an lues an gliddegt Frittefett aus enger Distanz vun 20cm. Et Bilden sech kléng Bullen. Den Sushi Chef hëlt den Maki oder California Roll mat den Stäebecher, hält dësen esou no ewéi méiglech bei d'Pan. An der anerer Hand hëlt en och Stäebecher an Pescht mat deenen déi kléng frittéiert Bullen déi sech gebilt hunn, een no dem aneren un den Maki bzw California Roll un.

Den Maki/California Roll kënnt hei net an direkten Kontakt mat dem Fritte fett.

Et as mühsam an et verbrennt een sech séier um Frittefett.

Dat as déi traditionell Aart a Weis wéi den Yamayu Santatsu dëst mécht. Déi Roll huet och bal 16€ kascht. Den Kamakura géif et och nach deen Wee maachen.

Keen vun den ären Restauranten mécht den Tempura Maki op déi Traditionell art a weis, an hëlt léiwer : 

Method 2 : optimiséiert an ultra fetteg.

IMG 8824444

Du preparéiers den Tempura Batter wéi ëmmer.
Elo gëtt den Maki/California Roll an den Tempura Batter getränkt an esou laang gerullt dass dësen vollkommen bedeckt as mat deem flëssegen Deeg. Beit Enn ginn och kach extra dran getunkt.
Dann gëtt dat ganzt am Panko (Broutgrimmel) gerullt, och béid Ennen bis alles voll bedeckt as mat Panko.

Elo gëtt den Maki-California Roll geholl an an engem Stéck an d'Frittefett geluecht am beschten esou dass den ganzen Maki drann lait. Soss muss een en e bëssen dréinen dass och all Säit frittéiert gëtt. Dat dauert vleit esou 2-3 min.

Während deenen 2-3 Minutten huet den Räis vum Maki genuch Zäit duerch seng béid Ennen fett unzesaugen, béid Ennen ginn oft ofgeschnidden well ze vill fett do dran as, normalerweis.

Beim California Roll as et nach schlëmmer . Do as den Räis baussen d.h den ganzen Räis saugt sech während 2-3 Minutten voll mat Frittefett.

Oft fann der déi Method vun Tempura op Sushi Trains well dat villt Frittefett extrem siedegend wierkt.

Dat as net menges!

Méng Method :

Ech kucken dass d'Ingredient z.b Tigerprawns bannen am Maki oder California roll frittéiert goufen d.h. déi Saachen ginn am Virfeld frittéiert, dann bleift den Goût vum Räis erhalen an trotzdeem huet een leckeren Tempura.

Ech huelen och oft Dinde Filet, schneiden deen an laang Lamellen, reiwen d'Fleesch mat Miel an (just e bëssen weis gëtt ouni vill Réckstänn), dann an den Tempura dann an den Panko an dann an d'Frittefett. D'Miel am Ufank mécht dass den Tempura Deeg besser um Filet peche bleift.

Dir kënnt all Zorte vun Geméis esou frittéieren just eben virdrunner mat Miel areiwen, dass et just liicht weis as ouni elo déck vill Réckstänn ze hunn. Nëmmen esou bleift den Tempura.

Big Question1 whiteDéi grouss Fro as elo :

"wéi erkennt een dass en Tempura richteg traditionell gemaach gouf ? "

  1. Fro den Serveur
  2. den traditionell gemaachten Tempura Maki as NIE en Uramaki (en Maki inside-outside, also mam Räis baussen) 
  3. den traditionell gemaachten Tempura Maki gesäit guer net perfekt aus an huet keng glat Uewerfläch mee besteet aus kléngen frittéierten Bullen oder Elementer

 

Wat mengt dir ? As et dier egal op den Räis am Frittefett geschwommen as oder awer léiwer esou wei ech den Tempura bann op den Ingredient ?

Cheers,

Boris :-)

Cours de Sushi

Apprenez à faire les Sushi, Maki, California Rolls...en cours privé, en cours collectifs ou en Team Building

Retrouvez toutes les dates <<ici>>

sushi cat

Sushi Iessen zu Lëtzebuerg App

Hei kënnt der ons App eroflueden wou der ons och eng live Kaart, Statistiken an villes méi fannt vun den Sushi Restaurant hei zu Lëtzebuerg.

apple store

google play

Facebook Groupe " Sushi Iessen zu Lëtzebuerg"

Loscht emol en aneren Sushi Restaurant ze testen? An onser Facebook Groupe " Sushi Iessen zu Lëtzebuerg" gëss de gewuer wou den beschten Sushi Restaurant as mee och wéi een ze vermeiden as.

-> Sushi iessen zu Lëtzebuerg

nice pic

 

Login

Login