banner-privat1

banner-collectif1

banner-business

banner-contact

Votre Panier

votre panier est vide

Kamakura

Ech soen ëmmer, dass ech keng Erwaardung un en Sushi Chef hunn, dass ech net soen “säin Sushi sollt esou sinn ewéi”. Ech sinn oppen fir all Interpretatioun. Bis elo sinn ech nach ni mat dëser Astellung enttäuscht ginn. Dach ech hunn wuel schlechten Sushi giess, mee esou richteg “enttäuscht” sinn ech nach ni ginn.

Bis elo virum kuerzem am Kamakura.

Ech weess elo net wat mech méi getraff huet, den schlechten Sushi, den miserabel Service oder déi NET éiervoll Aart an Weis vun den Japaner hier Gäscht ze behandelen. et war alles, mee NET traditionell Japanesch, esou wéi et am Fong sollt sinn well en huet jo genuch Auszeechnungen kritt an deem Sënn.

Kommer mer zum Iessen.

Entrée

Kamakura

Kamakura

Kamakura

Kamakura

Kamakura

Kamakura

Kamakura

Als Entrée hate mer all e puer verschidden Saachen, ech hat eng “Maguro Nuta” dat as réien Thon an enger Zalot mat Miso-Vinaigrett. Ech muss soen, et war mega gutt, einfach, mee gutt. Bis dohinner war bei mir alles gutt. Kucken ech bei meng Fra eriwwer, Enttäuschung puer. Dat hat Tempura geholl fir 15€ wou komplett ouni Goût war, nach just wootlech an just 7 kléng Stécker d.h. déi 5cm laang an 2 cm déck Zucchini huet 2€14 kascht. Ma Bravo !

Als Haaptplat :

Den Patron huet ons zerwéiert, ech kënnen hien nawell gutt, an dofir war och alles zimlech locker. Wéi mer den Sushi bestellen wollten, hunn mir Typpen, mir waren zu 3, kloer gemaach dass mer VILL Sushi iessen. Komescher Weis huet den Patron ons awer ofgeroden en méi groussen Plat ze huelen, mee éischter een fir mat der Partnerin/Fra ze deelen.

Obwuel ech drop bestane hunn den Sashimi & Nigiri Plat fir 2-3 Leit wëllen fir mech eleng ze hunn, huet den Patron mer et absolut wollen ausrieden, dat wier ze vill. Bon, ech gleewen him dat dann…dat war mäin Feeler.

Den Serveur huet den Plat nach net op den Dësch gestallt do wosst ech schonn, dat do geet net duer.

18 pièces + Sashimi d.h. 9 pièces fir mech + e bëssen Sashimi !?!?! —-> 78€ + en Supplement 4 Unagi fir 14€. Total fir 2 Leit : 92€ ! Hallo !?!?

Do war ech schonn rosen well ech mech einfach veraascht gefillt hunn.

Et kënnt nach besser.

Ech wollt beim Sushi Saké drénken, ech hunn déi Zorten awer net kann, an ons Frënn hunn Saké guer net kannt. also froen ech den Patron op en ons verschiddener kann ze schmaachen ginn. Et kënnt mat 3 Glieser, knuppt déi dohinner, seet den Numm dovunner, an geet erëm. Keng Erklärung wat wat as, wat hien géif recommandéieren. Dat war “hei dir päifen”.

Kamakura

Ech hunn mer dann een eraus gesicht : Kozaemon 14€ +/- 10cl . Den Saké war gutt, mee du kann nach esou kléng Schluppen huelen, iergendwann war et dat. Ob s de nach een wëlls, huet do elo keen interesséiert.

Den Sushi

Hunn mengen schonn laang net méi esou en Goût loossen Sushi giess deen esou eppes vun geruppt war dass de dech frees op dat net iergend en Student war deen aushëllefen komm as. Fir den éischten Sushi am Joer war dat heiten lamentabel, an dat vun esou engem Etablissement wat sech als groussen japaneschen Restaurant gëtt. NULL ! Dem Supermarché seng sinn besser !

A Propos service : lamentabel !

Wann s de Wäin no geschott kritt huet, wann s fir 100te Kéier gefrot hues, huet den gudde Mann den Wäin an däin Glas geschoss an net geschott. Zëmools wann een d’Fläsch vum Glas ewech hëlt muss een Fläsch unhiewen, well soss geschitt dat wat mir haten, dass den Wäin och am Glas vum Noper land + op sengem Arëm, an dat all Kéiers wann en zerwéiert huet.

Dir musst wëssen, déi 2 am Service schaffen schonn zanter ëmmer am Kamakura, an esou as och den Service.

Et as jo net duer gaangen mam Sushi, also hunn mer zu 3 nobestallt. Do kuckt Serveuse mech, kuckt op d’Auer, mécht déck Baken, kuckt erëm op d’Auer an seet mer : et as awer schonn spéit ! Den Chef as villäicht schonn fort.

No laangem hin an hier, hunn mer dann endlech en Plat fir 3 zesummen gestallt, wat alt och erëm komplizéiert war mat hinnen, mee ënner der Konditioun dass mer et an 30min hunn an net an 1 Stonn. Dat wat mer en plus bestallt haten mech s de an 10min. Si geet an d'Kichen, kënnt erëm, an seet, jo 30min misst goen. Mir : Sidd der sécher ? d’Serveuse : bah elo as et souwisou ze spéit well elo huet den Chef ugefaangen an elo muss der dat huelen.

WTF ?

Den Sushi deen no komm as war och net besser !

 

 

 

 

Hei den Voting :

Location :

D’Spull zesummen gewürfelt aus der Bomi hirem Schaaf an iergend eng Spull déi s um Floumaart fir 1 Euro kriss oder et war Plastik.

Et war propper dobannen, alt emol eppes.

1/10

Service :

Lamentabel ! Stylelos, ouni Manéieren, ouni Loscht, ouni alles. Si hunn franséisch geschwat, wat eppes Positives as.

1/10

Qualitéit :

Fësch : Näischt wierklech Weltbeweegendes vun Zorten, zemools dass de net erkläert krus wat wat as. Sie hunn den Teller dohinner gestallt, et as selon le Marché, an elo gëff eens. Alles huet d’slewescht geschaacht. Fir deen Präis, en Witz ! en huet net gefëscht, schéin ausgesinn, dat eenzegt positiv.

Räis : Null ! En hat bestëmmt d’Vinaigrette vergiess oder den Räis vum Dag virdrun jiddefalls hat et NULL GOÛT , NULL TEXTURE an NULL LËFTEG ! NULL ! All Ufänger kritt dat besser hinn !

1/10

Sushi Technik :

d’Leit an mengem Sushi Cours, déi fir d’éischt an hirem Liewen Sushi maachen, maachen et besser, méi präzis an propper wéi hien hei. d’Nigiri waren gemaach wéi Aasch, geruppt, deforméiert, stylelos. En soll sech schummen esou eppes eraus ze ginn.

0/10

Variatiounen :

Jo Variatiounen gouf et, zëmools wann s de zu 2 en Plat hëls, an s de gesot kriss “jo en as fir 2 dësen Plat mee oppassen, et as nëmmen 1 Nigiri pro Fësch Typ do, dier musst also eens ginn wien wat iesst well den aneren kritt dat dann net ze iessen” WTF ???

1/10

Präis : Mir haten fir +/- 110€/pers an et war LAMENTABEL ! Dat sinn déi Suen ni wäert, ech hat am Tomo och fir 110€ mee dat war grousse Kino an en Erliefnis. Dat heiten war Uschass vun fir bis hannen.

1/10 (den Saké war gutt)

Konklusioun :

Ech wollt dem Patron soen dass en mech mat sengem Sushi enttäuscht huet. Also ginn ech eraus, huelen mäin Mantel an soen him : “et as net duer gaangen mam Sushi” an hien laacht an seet “dann hues de besser der Sushi doheem ze maachen, du kann s et jo”

WTF?

Ok, ech soen him do “jo mee ech ginn gären bei aner Leit schmaachen”

hien laacht : “dat as jo schéin”

WTF ?

Also ech soe mer, dass dat net normal war. Entweder as en ugepisst dass en am Ranking hei bei ons net fir bei as, oder et nervt en dass ech Couren ginn an net Japaner sinn an dat näischt kann sinn. Jiddefalls, esou en behuelen vun engem Japaner deen wuel weess wat Respekt an Éier as, war dat doten ech Schlag an d’Gesicht, kulinaresch an moralesch.

Total pts : 5/60 an gefillten 0/60

all nächsten Sushi kann nëmmen besser sinn !

Login

Login