banner-privat1

banner-collectif1

banner-business

banner-contact

Votre Panier

votre panier est vide

template app foto blog lvs11

Live Stream #11 weisen ech Iech wéi eng Produiten dir am Asia Shop sollt kafen wann der gären doheem Sushi maacht.

Déi Basic Sushi Produiten déi op är Akafslëscht mussen sinn :

  • Reis Essëg
    mäin Rot : einfach déi standard Mark kafen, an net den Sushi Seasoning well deen as voller Zocker
  • Nori Blieder
    mäin Rot : ëmmer nëmmen "roasted Nori" kafen soss sinn se latscheg
  • Wasabi
    mäin Rot ëmmer nëmmen den Pudder Wasabi ni deen am Tube
  • Ingwer
    mäin Rot : nie den gefierwten, just natierlech Farw
  • Soja Sauce
    mäin Rot déi normal Kikkoman Soja Sauce oder déi Glutenfräi "Tamari Soy Sauce" , net déi séiss.
  • Sushi Räis
    mäin Rot : en muss Short-Grained sinn soss gëtt et näischt
  • Rullmatt
    mäin Rot : do as et egal.
  • Stäbescher
    mäin Rot : ech kafen just déi holzen fir ewesch ze geheien

Login

Login